Festival-Friends

Et ginn och nach aner flott Musikfestivaler hei an Lëtzebuerg!


21. August: Rock de Schleek

Den  "Rock de Schleek" bitt Bands aus Lëtzebuerg an der Groussregioun eng  Bühn, an fënnt op der "Schliikeplatz" zu Meechtem an der Rieslingsgemeng  Wuermer statt.  Organisseiert get den 7. "Rock de Schleek" och dess Joer rem vun der Union des Jeunes Meechtem. Dess Joer spillen: Kevin Heinen,  Matthies,  d’Halunken,  Acoustic Message,  Only 2 Sticks,  Fehl-Tritt,  Los Dueños,  The Majestic Unicorns from Hell,  encypher,  Soulhenge. Virverkaaf ass 5 €, Oweskees 8 €. Méi infos enner: https://www.facebook.com/rock.deschleek an https://www.facebook.com/events/900854416639319/


29. an 30. August: Last Summer Dance

Wou? Am Schlasspark zu Ierpeldéng bei Ettelbréck

Wee si mir?
Mir versichen ee Festival ze maachen, bei deem d'Leit aus alle méiglechen Beräicher zesummenkommen, sech austauschen kënnen an de Festival aktiv matgestalten! Iwwer 2 Deeg gëtt et Musik aus Lëtzebuerg, aus der Groussregioun an suguer Kanada, mol akkustesch, mol verstäerkt. Op der 2. Bühn gëtt et Theater an eng Lesebühn, am Seminarraum ee klengen Kino. Eis Atelieren dréinen sech ëmt verschiddenst Themen: aktiv ginn (Slackline, Yoga, Capoeira), d'Emwelt (an Zesummenaarbecht mat CELL), Gesellschaft (Diskussiounsronn zu "Wat sinn Suen?"), doriwwer eraus gëtt et fairtrade an bio Eessen & Gedrénks aus aller Welt zu fairen Präisser. An fir déi, déi dat ganzt bëssen méi gemittlech wëllen ugoen, gëtt et eng Chillounge, ee gemittlechen Camping niewt dem Floss an eng Konschtausstellung!

Wee spillt? The Disliked, Konoba, Down Town, Dillendub, Quantum Dot, Tommek, D'Halunken an méi
Tickets? 15 Euro am Virverkaf (2 Deeg, Camping inclus), fräi fir Kanner ënner 14 Joer

Méi Informatiounen: www.lastsummerdance.lu


Funky Donkey Festival  -  funkydonkeyfestival@gmail.com