The Disliked

Seid iwwert 15 Joer steet " The Disliked" mat hirem eenzegaartegen Reggae/Ska Sound ob de Bünen vun Europa. An no 8 Joer sënn si och rëm ob der Bün vum Funky Donkey Festival, wou si Klierf mat hirer Genre-iwwerschreidener an energiegeluedener Musek zum Danzen bréngen wäerten.
Mir freeën eis drop dëst Urgesteen vum Funky Donkey Festival rëm begréissen ze dierfen!

 

https://open.spotify.com/artist/3Iy0Xepsirkp2xqqqfzpiF...



Stayfou

Ween kennt se net? Stayfou d' Lëtzebuerger Kënschtler Kollektiv ronderëm d'Artists Skinny J, Turnup Tun, Tommek, Ragga, Luk a Maddy déi ee Grondsteen an der lokaler HipHop Zeen duerstellen. Vun modernem Trap bis Old school HipHop Beats weisen se wéi ee Rap op Lëtzebuergesch mécht. Eng absolut Mussesaach fir all HipHop Fan… 

 

https://open.spotify.com/artist/4zf5tFkQFsPLcuvJlUQMSu...



Rekkorder (DE)

Für unsere nächste Band reisen wir nach Hamburg, wo die Band rekkorder herkommt. Sie bringen einen energiegeladenen und eingängigen Alternativrock mit nach Luxemburg. Mit der kolumbianischen Frontsängerin Nina Lucia und den Gitarrenriffs von Bernd Bloedorn verkörpern sie ihren ganz eigenen Stil.

 

https://open.spotify.com/artist/4AfLyQ8FERE8XntxA66vqk...

 



Maale Gars

Tëschent melancholescher, elektronescher Popmusek an energeeteschen Trap Beats, beweegt sech den " Maale Gars", den och den 09.09 bei eis um Festival wäert optrieden.Do präsentéiert hien eis och säin 2ten Album " Guernäischt",deen den 18.März rauskommen ass, wou den Maale Gars iwwert d Erkenntnis erzielt,dass villes am Liewen ee Rätsel bleift.

 

https://open.spotify.com/artist/3Deq7KYH1ZJtc5PXPSoP6X...



Der Däiwel

 

 Och aus der Hell perséinlech, kommen Leit ob de Funky Donkey Festival! "Der Däiwel", eng “musikalesch Rebellioun” presentéieren ee Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap`n Roll. Dëst daiwelescht Quartett well et um Funky Donkey richteg kraachen lossen!

 

https://open.spotify.com/artist/5aTIq4z8DHiV28aYQVoneW...

 



Scars on Louise (BE)

"Scars on Louise” ist ein seit 2017 bestehendes Trio aus Belgien das einen energiegeladenen Pop mit eingängigen Melodien, großen Drums gepaart mit elektronischen Beats und einer Prise Rock spielt.

 

https://open.spotify.com/artist/6OLolKvyW09TJNGrvCdsSd...



Dasic

 

Dasic, lëtzebuergeschen Dj a Musekproduzent am Beräich Edm, House a Pop. Huet Lidder produzeiert a rausbruecht wéi "Till the Sun Goes Down", "Temptation" an "Losing Control", déi och oft an de Radiosenderen ze héieren sinn.

Ass als Dj och vill ennerwee, wéi zum Beispill op Festivals wéi de LOA Festival, op Baler an op weider Eventer.

 

https://open.spotify.com/artist/7B0Dj9CyFBIS317HnriWdg...

 



Boy From Home

Des Woch fänken mer un mat "Boy From Home", enger Punk/Folk Band aus Lëtzebuerg. Den Damien war schon 2015 an 2017 bei eis um Festival. Dest Joer ass hien mat sengem Soloprojet "Boy From Home" dobai. Säin Debutalbum "Houseplants‘ gëtt och deemnächst released.

 

http://open.spotify.com/track/6yrvaY4R9iov8dVerhT2CB...



DMI (BE)

" DMI Kapelle "ist ein alternatives Rock-Kollektiv aus Ostbelgien bestehend aus 3 Freunden. Anfang 2020 begannen sie Musik zu machen und coverten noch Songs. Doch dann begannen sie zu experimentieren und 2021 erschien ihre Debüt-EP “Inside-Out” mit 7 selbst geschriebenen und komponierten Songs. 2023 soll ihre neue EP erscheinen.

 

https://open.spotify.com/artist/1SP5ReplhhgPpDwJvAwjVx...

 



Fallen Lies

Mat hirer energiegeluedener Show wäert d'Alternative Rock Band "Fallen Lies" dofir suergen, déi néideg Stëmmung fir de Funky Donkey matzebréngen.
Um Programm sti souwuel Lidder aus hirem éischten Album "Confusion" esou wéi och aus dem zweeten Album, deen am Oktober rauskomme wäert.

 

https://open.spotify.com/artist/1L6HIE4fo4FKuVLqUNNBsE...



Loivós

"LOIVÓS" ass eng post-emo Alternative Band aus Lëtzebuerg déi säit 10 Joer laang zesummen Musek mécht. Des Musek ass eng Kombinatioun aus Aflëss vun Indie, progressive Rock/Metal, Math Rock, Pop-Rock an Emo, doraus ensteet Loivós sein eenzegaartegen Sound.

 

https://open.spotify.com/artist/7kcRDrwcRQVuGkOCU0jfSm...

 

 



7last

7LasT sinn zwee verreckt Jongen, de Sam Atkinson aka “Bingo Bongos man“ an den RAF Parrinha aka “Guitar man and Yodeler Man”, aus dem Norden vu Lëtzebuerg, déi einfach si selwer wellen sinn. An déi zwee wäerten den Funky Donkey rocken!

 

https://open.spotify.com/artist/5iz6nQQfhgBu6S8oiwX8WL...



Heavy Petrol

Heavy Petrol” ass eng 2011 gegrënnte Blues-Band aus Lëtzebuerg. Et sënn 6 Kolleegen déi een ganz aneren Sound,an zwar ee Blues Sound ob Klierf bréngen. Sie sinn schonn am Land ob verschiddenen Festivaler a Konzerter obgetrueden. Mat 2 Alben an enger neier Single hunn se eis sou Munches ze weisen.

 

https://open.spotify.com/artist/75rnEtMYJB0oTgzJxyqp51...

 



Naimy

Mir freeën eis iech eisen nächsten Act ze presentéieren an zwar d'Naimy Rizzi, wat net nëmmen Member vun de Klierfer Guiden an Scouten ass, mee wat och mat senger Gittar an sengem Gesang dëst Joer um Funky Donkey wäert optrieden. All seng Lidder sinn vun him selwer geschriwwen.

 

https://instagram.com/naimyrizzi?igshid=YmMyMTA2M2Y=









Funky Donkey Festival  -  funkydonkeyfestival@gmail.com