Funky Donkey 2015

12 September


 16 Bands…
1152 Léit…
120 Volontären…
2 Bühnen…
6003 Becheren..
512 Burgeren..

 

No deem iwerzeegenden Start 2014 hun vill Leit gehofft an gewaard datt et eng Fortsetzung vum Funky Donkey Festival weert gin. Den 12. September war et dun sou weit. Vun 13:00 un, hun 16 Musekgruppen op 2 Bühnen Klierf zum Danzen, Grooven an Ofgoen bruecht. Sou sen trotz Reen erem mei wei 1.000 Leit bei den Klierfer Scoutschalet komm fir Deel vun desem aussergeweinlechen, lockeren an furchbar gemütlechen Event ze sen.

Niewt der gudder Errennerung un d’letzt Joer weert fir vill Leit och den attraktiven Programm ee Grond gewiescht sen desen Funky Donkey Festival net ze verpassen.

Dei weit iwer d’letzebuerger Grenzen eraus aktiv an bekannt Gruppen Say Yes Dog (D/L) an The Sore Losers (B) hun fir internationale Flair zu Klierf gesuergt. Fir d’Electronic-Pop Grupp vun Say Yes Dog war et den Optakt zu enger Europa-Tour dei sie durch dei ugesootesten Club’s feieren sollt fir hieren eischten Album virzestellen. Dest, während The Sore Losers matt hirem klassesche Rock an deenen letzen Joeren Festivalerfahrung enner annerem om Rock Werchter an Pukkelpopp gesammelt hun, an nom Funky Donkey direkt weider an Japan getourt sen.

Fir de Rest huet den Festival, wei datt Joer virdrun, virun allem letzebuerger an regionalen Gruppen eng Meiglegkeet gebueden fir sech an hier Musek ze präsenteieren. Dobei sen virun allem The Disliked ze nennen, dei sech dest Joer matt engem neien Album androcksvoll aus hierer Pauss zereckgemellt hun, an matt hierer Meschung aus Punk, Raggae an Ska d’Bühn zum Liewen bruecht hun.

Niewt deenen 3 Headliner hun dei anner Gruppen fir dofir gesuergt datt all musekaleschen Gout bedengt gouw, siew et Hip Hop, Country, Metal oder Electronic.

 

Vielfalt war awer net nemmen op deen musikaleschen Programm begrenzt. Och beim Eessen an Drénken konnten d’Visiteuren sech un engem groussen Angebot erfreen. An fir datt och wirklech fir jidereen epes dobai war gouw et och rem eng eegen Kids-Zone. Hei konnten all dei mei Jonk an all dei dei sech sou fillen Bastelen, op enger Slack-Line balanceieren oder om funky Iesel reiden.

Wei letzt Joer schon geht och deskeier dee gréissten Deel vum Profit un d’ONGD vun de Letzebuerger Guiden a Scouten!

 

 

Galerie





Funky Donkey Festival  -  funkydonkeyfestival@gmail.com