Funky Donkey 2014

13 September


11 Bands…

1100 Léit…

120 Volontären…

1 Bühn…

5500 Becheren..

400 Burgeren..


Den 13. September 2014 : Een Dag voll mat Emotiounen, Stress, Beweegung, Musek an den Oueren, mä dësen Dag bleift eng schéin Erënnerung fir d’Cliärrwer Guiden a Scouten.


Den 1. Funky Donkey Festival ass elo riwwer, een Openair-Musiksfestival organiséiert vun den Cliärrwer Scouten mat grousser Hëllef vun der Amicale vun den Cliärrwer Guiden a Scouten, den Eltren vun den Kanner an eisen Sponsoren.


11 Bands hunn d’Bühn zu Cliärref gerockt. De Serge Tonnar an Legotrip, Mambo Schinki, The Groove Factory an nach vill aner lëtzebuergeschen Bands. Eng Band « Blind Freddy » aus München hun mir och deen ganzen Weekend bei eis am Chalet opgeholl. Musikalesch gouf Cliärref mol rëm erwächt !

Mä net nëmmen Musek war deen Dag präsent, mä och een Jongleur, puer Maartstänn an een Informatiounsstand vun der ONGD « Guiden a Scouten fir ENG Welt ».


Wisou war d’ONGD um Festival ? Ma well déi Cliärrwer Scouten hire Festival organiséiert hunn, fir een Deel vum Akommes weiderzeginn. Hei war d’ONGD eisen éischten Choix, well déi Cliärrwer säit méi wéi 20 Joer op Projeten an der Welt matginn an hëllefen.

 

 

Galerie





Funky Donkey Festival  -  funkydonkeyfestival@gmail.com