12. September 2015 !


Häerzlech Wëllkomm op der Internetsäit vum Funky Donkey Festival!


Déi neisten Informatiounen, Bands, Fotoen an aner aktuell News zum Festival fannt dir op eiser neier Homepage.
De Funky Donkey Festival ass ee Musiksfestival deen et zanter 2014 gëtt an vun de Cliärrwer Guiden a Scouten an d'Liewen geruff ginn ass.

No engem enormen Succès vun eiser éischter Editioun, hunn mir decidéiert weider ze maachen.
Bei 2 Bühnen kënnt dir iech dëst Joer ee Bild vun Newcomerbands, wéi och bei gréisseren, nationalen an internationalen Bands maachen.
Net nëmmen Musek hunn mir deen Dag iwwer ze bidden, mee och Animatiounen, Stänn, Iessbuden, Gedrénksstänn an natierlech een Tour mat eisem Iesel steet um Programm.


Gutt ze wëssen ass och, dass ee groussen Deel vun eisem Benefice als gudden Zweck gespent gëtt, an dëst wéi och d’läscht Joer un d’ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt!


Verpasst also net den 12. September 2015 laanscht op Clierf ze kommen! Et ass garantéiert fir jiddereen eppes dobäi!

Lénks Patt



Galerie

Vidéos / Musique

facebuch

Adresse :

22 Route d'Eselborn L-9706 CLERVAUX : BP 186 Luxembourg


Funky Donkey Festival  -  funkydonkeyfestival@gmail.com